Cavs hold off Pacers, Spurs also go 2-0 up


GEOS (Geodetic Earth Orbiting Satellite) war eng Serie vun dr?i amerikanesche geodetesche Fuerschungssatellitte vun der NASA.
Déi éischt béid GEOS-Satellitten (gestart 1965 an 1968) goufen ?nner dem Explorer-Programm entwéckelt. Si hunn iwwer eng Positiounsstabiliséierung duerch e Schwéieregradient verfüügt an eng Energieversuergung iwwer Solarzellen. D'GEOS-Satellitte waren déi éischt Missiounen am National Geodetic Satellite Program.
D'Ausr?schtung bestoung aus enger Zuel vun opteschen a Funk-Systemer (dor?nner och jee en Transponder fir d'SECOR-System) zu der exakter Bunnverfollegung souwéi Laser-Reflekteren. Als aktiv Satellitte ware s'eng Weiderentwécklung vun der Anna 1B-Sond a konnte kuerz Seri? vu sechs bis aacht hell Liichtbl?tzer verschécken. Déi goufe vu Buedemstatiounen synchron virum St?renhannergrond fotograféiert (Stellartriangulatioun), fir duerch genee Richtungsmiessung groussraimeg Vermiessungsnetzer opzebauen.
Zil vun de Missioune war d'Vermoosse vun ausgewielten Observatiounspunkte mat enger Genauegkeet vun zéng Meter an engem dr?idimensionalen Koordinatesystem mam Masseschwéierpunkt vun der ?erd als M?ttelpunkt. Weider gouf d'Struktur vum irregul?ren ?erdgravitatiounsfeld an d'Lag vun de grousse Gravitatiounsanomalien best?mmt.
De GEOS-3-Satellit (wéinst de vergréisserten Aufgaben och Geodynamics Experimental Ocean Satellite) genannt, war eng verbessert Versioun vun de béiden éischte Satellitten. De GEOS-3 war net méi en Deel vum Explorer-Programm. Zous?tzlech zu der Aufgabenstellung vun de Virg?nger war duerch e Radar-Altimeter eng prezis Miessung vun den Ozeanhéichte méiglech, wat eng weider Verbesserung vum ?erdgravitationsmodell erméiglecht huet. Zous?tzlech gouf e Bunnverfollegungsexperiment mam experimentellen Kommunikatiounssatellit ATS 6 erreecht. Eng verbessert Versioun vum GEOS-3-Satellit gouf vun der US Navy ?nner dem Numm Geosat gestart.
Satellitten am GEOS Programm
[?nneren | Quelltext ?nneren]- GEOS 1 (Explorer 29) (virum Start GEOS A) gouf de 6. November 1965 vum Cape Canaveral aus mat enger Delta-E-Rakéit an de Weltraum bruecht.
- GEOS 2 (Explorer 36) (virum Start GEOS B) gouf den 11. Januar 1968 vu Vandenberg (Kalifornien) mat enger Delta-E-Rakéit gestart.
- GEOS 3 (virum Start GEOS C) gouf den 9. Abr?ll 1975 och vu Vandenberg op enger Delta-1410-Rakéit gestart.